Menu Content/Inhalt
Ufank

Détenteur du certificat de Professionnel du Secteur Financier

Déi gréisste Suergfalt ass Standard PDF Drecken E-mail

Den Ëmgank mat vertraulechen Dokumenter verlaangt déi gréisste Suergfalt, och a ganz besonnesch bei hirer Zerstéierung.
Zënter 1989 ass Netto-Recycling en zouverléissege Partner vum Finanzsecteur, vun Entreprisen an Administratiounen, wann et ëm d’Zerstéierung vun héich sensiblen Donnéeën an Akte geet. Netto-Recycling ass en unerkannte spezialiséierte Betrib an huet ënner anerem e Certificat als offiziell zougeloossen Déngschtleeschtungsentreprise vum Finanzsecteur (Certificat ‘Professionnel du secteur financier’), dee vun der staatlecher Kommissioun fir d’Iwwerwaachung vum Finanzsecteur ausgestallt gëtt.

A sengen neie, moderne Raimlechkeeten an der Industriezon zu Mënsbech offréiert Netto-Recycling méi eng rapid Zerstéierung vun allen Datesupporten an nach méi Plaz fir d’Archivéiere vun Dossieren an Datesupporten etc. Déi zwee Beräicher, d’Zerstéierung an d’Archivéieren, entspriechen den héchste Sécherheetsnormen a sämtlech Oplage vum Client ginn dobäi respektéiert.  D’Hal wou ugeliwwert gëtt, den Zerstéierungsraum an den Archivberäich si strikt vunenee getrennt. 

 
< Vierdrunn

Newsflash

A sengen neie, moderne Raimlechkeeten an der Industriezon zu Mënsbech offréiert Netto-Recycling méi eng rapid Zerstéierung vun allen Datesupporten an nach méi Plaz fir d’Archivéiere vun Dossieren an Datesupporten etc.